Zanter dem Ufank vum russesche Krich an der Ukrain sinn ukraineschen Informatiounen no op d'mannst 500 ukrainesch Kanner ëm d'Liewe komm.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet vun "russesche Waffen an Haass, déi weiderhin all Dag d'Liewe vun ukrainesche Kanner huelen an zerstéieren" geschwat. Vill vun hinnen hätte kéinte berüümt Wëssenschaftler, Kënschtler oder Sportler ginn an en Deel zu der Geschicht vun der Ukrain kënne bäidroen, sou nach den ukrainesche President.

Dem Wolodymyr Selenskyj no wier et onméiglech, fir eng genau Zuel ze nennen.

E weidert Kann huet de Weekend an der Stad Dnipro säi Liewe verluer. D'Secouristen hunn d'Läich vun engem zwee Joer jonke Meedchen an engem zerstéierten Haus fonnt. D'ukrainesch Autoritéiten hunn donieft 22 Blesséierter, dorënner och fënnef Kanner, gemellt. Dem President Selenskyj no, hätt Russland domat nees bewisen, dass et en Terrorstaat ass.

Dem Selenskyj no war e russescht Geschoss tëscht zwee Appartementshaiser mat all Kéiers zwou Etagen ageschloen.

Gefechter a russescher Grenzregioun

De Gouverneur vum russesche Belgorod, Wjatscheslaw Gladkow, huet sech iwwerdeems zu engem Treffe mat pro-ukrainesche russesche Rebelle bereet erkläert. Bei dësem soll et ëm d'Fräiloossung vu russeschen Zaldot goen. Wuel wier et awer warscheinlech, datt d'Zaldote net méi um Liewe wieren, sou de Gladkow.

E Sonndeg den Owend ass et iwwerdeems zu weideren Ausernanersetzungen an der Grenzregioun komm.