Gréisser Ausernanersetzung tëscht Demonstranten a Policebeamten

© SEBASTIAN WILLNOW DPAdpa Picture-Alliance via AFP
1.500 Leit haten sech versammelt. Een Drëttel dovun wär der Police no gewaltbereet gewiescht.
Beim sougenannten "Dag X" - engem Solidaritéitsdag vun der lénksautonomer Zeen mat der verurteelter Studentin Lina E. - koum et zu zu Leipzig zu Ausernanersetzungen tëscht Policebeamten an Demonstranten.
D'Police schwätzt vu schwéieren Eskalatiounen. 1.500 Leit haten sech versammelt. Een Drëttel dovun wär der Police no gewaltbereet gewiescht. Et wär mat Géigestänn op d'Beamten geheit ginn.
D'Versammlung hätt friddlech ugefaangen, wär méi spéit awer eskaléiert, wéi däitsch Medie mellen. De Grond ass net kloer.
Lénk Politiker reprochéieren der Police d'Eskalatioun provozéiert ze hunn. Waasserwerfer stounge prett, koumen awer wuel net an den Asaz.
D'Police hat temporär honnerten Demonstranten agekesselt fir hir Pabeieren ze kontrolléieren. Fënnef Persounen goufe festgeholl.