Feelerhaft Signal soll Katastroph ausgeléist hunn

© AFP
Nom uergen Zuchongléck an Indien gëtt et éischt Indicen iwwert den Oflaf vun der Katastroph an déi méiglech Onglécksursaach.
D'Enquêteure ginn dovunner aus, dass e Feeler am Signalsystem zu der Katastroph gefouert huet. En Zuch ass dowéinst e Freideg den Owend géint 19 Auer am Bundesstaat Odisha op e falscht Gleis geroden. De sougenannte Coromandel-Shalimar-Express - en Zuch mat 1500 Passagéier, dee vu Kalkutta op Chennai ënnerwee war. Op dësem Gleis stoung allerdéngs e Gidderzuch, an deen ass de Persounenzuch du gerannt. 21 Waggone sinn entgleist, dräi dovunner sinn op engem Parallelgleis gelant. An do ass du kuerz drop e Schnellzuch dragerannt.
Ëm déi 300 Persoune si beim Ongléck ëmkomm. Tëscht 650 an 1.000 Blesséierter ginn et engem leschte Bilan no. Och annerhallwen Dag nom Ongléck ass et wéi et schéngt nach schwéier, fir een Iwwerbléck ze kréien, wien a wéi eng Klinick bruecht gouf. Kloer ass: Et gi vill Schwéierblesséierter, déi a Liewensgefor sinn, d'Zuel vun den Affer kann nach weider an d'Luucht goen.