Eng Nuecht an der Klinick
Belsche Premier bei Vëloschute op de Kapp gefall

De belsche Regierungschef Alexander De Croo / © AFP (Archiv)
Den Accident ass e Samschdeg wärend engem Ausfluch mat sengem Bouf geschitt.
De belsche Regierungschef Alexander De Croo ass no senger Chute mam Vëlo an d'Spidol ageliwwert ginn. Wéi et vun offizieller Säit heescht, ass de Politiker op de Kapp gefall a war kuerz vu sech. No enger medezinescher Kontroll gouf et awer séier Entwarnung. Den De Croo huet eng Nuecht an der Klinick verbruecht an elo nees doheem.
Sengem Büro no huet d'Accident keen Afloss op seng Agenda fir déi nächst Woch. Hie géing de Sonndeg notzen, fir sech auszerouen.
Am meeschte gelies