Warschau
Honnertdausende Leit protestéiere géint polnesch Regierung

D'Organisateure schwätze vun der gréisser Manifestatioun zënter der Chute vum Kommunismus.
Zu Warschau sinn e Sonndeg honnertdausende Leit op d'Strooss gaangen, fir géint déi riets Regierung ze protestéieren.
D'Leit géinge fir d'Demokratie, fir fräi Walen a géint dat deiert Liewen, Bedruch a Ligen demonstréieren, heescht et vun der Organisatioun.
D'politesch Oppositioun ronderëm den Donald Tusk hat d'Polen opgeruff, op d'Strooss ze goen.
Am meeschte gelies