Israeelesch Zaldoten erschoss
Israel an Ägypten wëllen déidleche Virfall gemeinsam ënnersichen

Israeelesch Zaldoten no un der ägyptescher Grenz / © AFP
Rieds geet vun der schlëmmster Attack zënter engem Joerzéngt.
Israel an Ägypten wëllen den déidleche Virfall op der Grenz gemeinsam ënnersichen. En ägyptesche Polizist war duerch e Lach an engem Grenz-Zonk op israeeleschen Territoire gelaf an hat 3 israeelesch Zaldoten erschoss.
D'Hannergrënn sinn net ganz kloer. De Polizist soll bei enger Anti-Drogen-Aktioun am Asaz gewiescht sinn.
Zënter 1979 gëtt et e Friddensaccord tëschent béide Länner.
D'Grenz gëllt allgemeng als roueg.
Am meeschte gelies