Nom déidlechsten Zuchaccident an Indien zanter Joerzéngte sinn e Méindeg nees Passagéier- a Gidderzich op der Streck gefuer.

D'Zich si laanscht d'Stécker vun den zerstéierte Waggone gefuer, déi beim Ongléck e Freideg den Owend an der Géigend vu Balasore entstane waren. Ursprénglech waren 288 Doudesaffer nom Accident gemellt ginn. D'Regierung vum Bundesstaat Odisha huet d'Zuel allerdéngs méi spéit op 275 corrigéiert, nodeems verschidde Läiche fälschlecherweis duebel gezielt goufen.

Vun den 1.175 Blesséierte ginn am Moment nach 382 Mënschen am Spidol behandelt, wéi d'Autoritéiten e Sonndeg matdeelen. Et gëtt awer gefaart, datt d'Zuel un Doudesaffer nach klamme kéint, well d'medezinesch Zentere mat der Zuel u Blesséierten, vun deene vill a kriteschem Zoustand sinn, iwwerfuerdert sinn.

Op béide Säite vun de Gleiser goufe gréng Netzer opgebaut, fir déi zerstéiert Waggonen, déi erofgefall sinn, virun de Blécker vun de Passagéier ze schützen.

Den Eisebunnsminister Ashwini Vaishnaw soll e Sonndeg gebiet hunn, wéi den éischten Zuch am spéiden Nomëtteg iwwer d'Plaz gefuer ass. Den éischten Zuch war e Gidderzuch, dee mat Kuel beluede war an ass 51 Stonnen nom Accident gefuer.