"Schlëmmst Seriemäerderin an Australien" no 20 Joer Prisong nees fräi

© Joel Carrett
2003 gouf eng Mamm an Australien wéinst Mord un hire Kanner verurteelt. Nei Recherchen hunn erginn, datt d'Kanner wuel en natierlechen Doud gestuerwe sinn.
D'Kathleen Folbigg war 2003 verurteelt ginn, well si hir véier Kanner ëmbruecht soll hunn. No 20 Joer am Prisong gouf déi 55 Joer al Fra elo vum Bundesstaat New South Wales begnodegt.
Wéi de Parquet vum Bundesstaat e Méindeg matdeelt, hunn nei Recherchen, déi iwwert e Joer goungen, "begrënnt Zweiwel" um Fall erginn. "Am Interêt vun der Gerechtegkeet" sollt d'Kathleen Folbigg dowéinst "esou séier wéi méiglech" entlooss ginn.
An Australien huet d'Fra, déi fir de Mord un dräi vun hire Kanner souwéi Homicide volontaire um véierte Kand verurteelt gouf, als "schlëmmst Seriemäerderin" gegollt. Reprochéiert gouf hir, d'Kanner am Alter vun néng Woche bis dräi Joer erstéckt ze hunn. Obwuel et e Manktem u forensesche Beweiser gouf, hat de Parquet sech dorop behaapt, datt et immens onwarscheinlech wier, datt véier Kanner bemol an ouni Erklärung gestuerwe sinn. D'Mamm dogéint huet d'Reprochë vu sech gewisen an op natierlech Ursaache fir den Doud verwisen.
2021 goufen nei forensesch Beweiser fonnt, wouropshin de Fall relancéiert gouf. D'Material soll erginn hunn, datt d'Kanner op eng natierlech Aart a Weis wéinst seelene geneeteschen Onstëmmegkeete gestuerwe sinn. Zu engem änleche Resultat koum och déi nei Enquête. Deemno sollen zwee vun de Kanner eng rar geneetesch Mutatioun gehat an een drëtt Kand ënnert enger "neurogeener Gronderkranung" gelidden hunn. Deemno huet de Riichter et fir onwarscheinlech fonnt, datt d'Kathleen Folbigg hiert véiert Kand ëmbruecht huet.