Bal 60 Joer no hirer Grënnung huet sech d'NPD an "Die Heimat" ëmbenannt. Op hirem Bundesparteidag e Samschdeg hunn 77% vun den Delegéierten dofir gestëmmt.

Dëst, fir en "neit Kapitel" opzeschloen, wéi et heescht. An deene leschte Joren hat déi rietsextrem Partei ëmmer méi u politescher Bedeitung verluer. De leschte Sëtz an engem däitsche Landesparlament hat een 2016 a Mecklenburg-Vorpommern verluer, zanter 2019 ass een och net méi am Europaparlament vertrueden.

Den Ament befënnt sech d'Partei an enger Verhandlung mam Bundesverfassungsgeriicht. Wéinst hire verfassungsfeindlechen Ziler soll se nämlech vun der staatlecher Parteiefinanzéierung ausgeschloss ginn.