Arktis kéint schonn an den 2030er Joren am Summer äisfräi sinn

© AFP Archivbild
De Weltklimarot huet eng äisfräi Arktis am Summer bis Mëtt vum Joerhonnert virausgesot. Dat bei mëttlerem bis héijem Ausstouss vun Zäregasen.
Eng Etüd huet awer elo erginn, dass d'Regioun scho vill méi fréi äisfräi kéint sinn. Souguer mat méi klengen Emissiounen. Dat heescht, dass d'Arktis bei engem Zenario mat geréngen CO2-Emissioune schonn ee Joerzéngt méi fréi wéi ugeholl am Summer ouni Äis kéint sinn.
Zu dëser Conclusioun kënnt eng Etüd, an där d'Wëssenschaftler mat Hëllef vu Satellittendaten de Réckgang vun der Mieresfläch an der Regioun ëm den Nordpol iwwer 40 Joer ënnersicht hunn. "D'Resultat léist erkennen, dass onofhängeg vun den Emissiounszenarien den éischte mieräisfräie September schonn an den 2030er bis 2050er Joren kënnt", schreiwen d'Auteuren ëm de südkoreanesche Fuerscher Min Seung Ki vun der Pohang-Universitéit fir Wëssenschaft an Technologie an der Fachzäitschrëft Nature Communications.
D'Fuerscher hu fir hir Prognose d'Miessdate fir all Kalennerblat tëscht 1979 an 2019 ausgewäert an hu se mat simuléierte Verännerunge verglach. Mëtt September erreecht d'Ausdeenung vum arktesche Mieresäis de summerleche Minimum. "D'arktescht Mieresgebitt ass an de vergaangene Joerzéngten all Joer rapid zeréckgaangen, mat enger ëmmer méi staarker Reduktioun zanter 2000", sou d'Fuerscher, dorënner de Klimafuerscher Dirk Notz vun der Universitéit Hamburg.