Wéi US-Medie mellen, soll et nei Indice ginn, datt dat ukrainescht Militär eppes mat der Explosioun vun den Nord-Stream-Pipelinë kéint ze dinn hunn.

Enn September goufen no Explosiounen an der Géigend vun der dänescher Ostsee-Insel Bornholm véier Lächer an an den Nord-Stream-Pipelinen entdecckt. Den 10. Oktober huet den däitsche Parquet Ermëttlungen opgeholl.

Recherche vun US-Medien no sollen eng Partie Spueren an d'Ukrain féieren. Et géif ëm méiglech Bréifkëschtefirmen an ëm eng Persoun mat méiglecher Verbindung zum ukrainesche Militär goen.

Der Washington Post no wier d'CIA schonn am Juni 2022 vun enger europäescher Spionageagence informéiert ginn, datt d'ukrainescht Militär en Attentat géif plangen, esou den däitsche Magazin Focus. Deemno sollt eng Ekipp vu sechs Leit vun enger ukrainescher Spezialunitéit den Äerdgasprojet tëscht Russland an Däitschland sabotéieren.

D'US-Zeitung berifft sech dobäi op e Bericht vun der CIA, dee wuel vum Jack Teixeira, engem Member vun der Air National Guard, geschriwwe gouf. Verschidde Beamten hätten der Zeitung confirméiert, datt an deem Bericht, deen och op der Chat-Plattform Discord ze fannen ass, genau dat géif stoen, wat d'CIA vun hiren europäesche Kolleege matgedeelt krut. Am Bericht ass awer och ze liesen, datt d'Ukrain déi Militäroperatioun aus nach net gekläerte Grënn "op Äis geluecht" hätt.

Dem Dokument no sollten d'Ukrainer ënner falschem Numm a Boot lounen an domadder a Richtung Pipelinë fueren, fir dann bei d'Leitungen ze tauchen a Sprengkierper ze fixéieren. Dëst géif bei en Oflaf passen, deen och däitsch Ermëttler erausfonnt hunn.

D'Ukrain huet bis ewell alles dementéiert.