Operatioun vum Poopst no 3 Stonnen eriwwer

© AFP Archivbild
Medien haten en Dënschdeg gemellt, dass de Poopst François fir eng Kontroll an d'Gemelli-Spidol ageliwwert gouf.
Kuerz drop koum d'Nouvelle, dass de Pontifex dréngend muss operéiert ginn. De Poopst François krut e Mëttwoch de Moien eng sougenannte Laparotomie gemaach, dat heescht de Bauch huet missen ënner Vollnarkos opgeschnidde ginn. Dëst huet de Vatikan matgedeelt. E Mëttwoch den Owend huet den Hellege Stull da matgedeelt, dass dem Poopst seng Operatioun eriwwer ass. Den Agrëff hätt 3 Stonne gedauert an et wier zu kenge Komplikatioune komm.
De Pontifex muss no der Operatioun fir e puer Deeg am Spidol bleiwen.
Wéi de Vatikan e Mëttwoch weider matgedeelt huet, goufen all d'Poopst-Audienze bis den 18. Juni ofgesot.