Weltwäit liewe 675 Millioune Mënschen ouni Stroum

© AFP Archivbild
De leschten disponibelen Zuelen no liewe vun den 675 Millioune Mënschen ouni Stroum ronn 80 Prozent an Afrika, südlech vun der Sahara.
Dat geet aus dem neiste Bericht vun der Weltbank, der Weltgesondheetsorganisatioun an aneren Organisatiounen ervir. D'Zuele bezéie sech op d'Joer 2021. An Afrika südlech vun der Sahara hätt sech d'Situatioun zanter 2010 domat praktesch kaum verännert.
Ouni weider Moossname mussen, Stand elo, och 2030 nach 660 Millioune Mënschen ouni e sécheren oder dauerhafte Stroumuschloss auskommen. Dat ass awer dat Joer, op deem d'UNO 2015 ausgerechent hat, dass all d'Mënsche weltwäit en Zougang zu bezuelbarem Stroum sollen hunn.
Zwar géif d'Energie-Transitioun a Richtung erneierbar Energie méi séier virukomme wéi erwaart, ma et géif nach vill ze maache bleiwen, bis d'UN-Ziler erreecht sinn.