Uewerfläch vun de Weltmierer am Mee esou waarm wéi nach ni

© AFP Archivbild
D'Temperature un der Uewerfläch vun den Ozeaner erreechen en neien Héchstwäert, heescht et vum Äerdbeobachtungsprogramm Copernicus.
D'Uewerfläch vun de Weltmierer war leschte Mount méi waarm wéi jeemools virdrun an engem Mee zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen.
D'Miessunge betreffen all d'Mierer, déi äisfräi sinn.
Mat Bléck op d'Lofttemperature wier de Mount Mee weltwäit den zweetwäermsten iwwerhaapt gewiescht, heescht et weider am Klimabericht, deen eemol de Mount publizéiert gëtt. Deemno war den Ofstand zum bis ewell wäermste Mee nëmme 0,1 Grad.
Iwwerdeems d'Temperaturen an Europa dem Duerchschnëtt entsprach hunn, war et an Deeler vu Kanada, Afrika a Südostasien méi waarm wéi normal. Duerchschnëttlech méi kill war et dogéint ënner anerem an Australien.
Am equatoriale Pazifik gouf et dann och schonn Hiweiser op de Wiederphenomen El Niño, dat a bestëmmte Regiounen zu méi héijen Temperaturen an Dréchent, an nees anere Regiounen dogéint zu massivem Néierschlag féiere kann. El Niño gouf et fir d'lescht 2018/19.