Géint 19.10 Auer e Mëttwoch den Owend war et op der däitscher A60 zu engem schwéiere Verkéiersaccident komm.

E Camion, deen op der Autobunn an Direktioun Wittlich ënnerwee war, wollt no Landscheid d'Sortie huelen. Aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach, war e Kabrio dem Camion kuerz virun der Sortie hannendrop gerannt.

D'Fuererin vum Kabrio gouf beim Accident ageklemmt an huet misse vun de Pompjeeë befreit ginn. Éischen Informatiounen no, gouf si schwéier bis liewensgeféierlech blesséiert. Si gouf mat engem Helikopter vun der Luxembourg Air Rescue an d'Spidol geflunn.