Ofholze vum Amazonas-Reebësch ëm ronn 31 Prozent zréckgaangen
Tëscht Januar a Mee 2023 goufen am brasilianeschen Deel vum Amazonas-Gebitt eng 1.986 Quadratkilometer Reebësch ewechgehaen - e Réckgang vun 31 Prozent.
Zanterdeem den Inácio Lula da Silva nees President a Brasilien ass, goufen am Verglach mat der selwechter Period am Joer virdru bal een Drëttel manner Beem am Reebësch ewechgehaen. 2022 goufen tëscht Januar a Mee eleng 2.867 Quadratkilometer ofgeholzt. Dat mellt de staatlechen Iwwerwaachungsprogramm Deter e Mëttwoch mat.
Vill Ëmweltschützer setze grouss Hoffnungen an de lénksgeriichte Lula, dee säin Amt am Januar mam Verspriechen ugetrueden ass, sech fir en Enn vun der net-limitéierter Ëmweltzerstéierung ënnert sengem Virgänger Jair Bolsonaro anzesetzen. Bis 2030 wëll de brasilianesche President dat illegaalt Ofholze vu Bëscher stoppen.
Um Weltëmweltdag e Méindeg hat de Lula en ëmfassende Schutzplang fir den Amazonas-Bësch presentéiert. Ënnert anerem gesäit dësen d'Saisie vun der Hallschent vun den illegal genotzte Fläche bannent de Schutzgebidder vir, grad ewéi d'Ariichte vun dräi Milliounen Hektar als weider Schutzgebidder bis 2027. De Programm knäppt domat un e Projet un, deen de Lula schonn 2004 wärend senger éischter Presidentschaft an d'Liewe geruff hat.
Brasilien hätt eng "grouss Bedeitung fir d'klimatescht Gläichgewiicht vun der Äerd", sot de brasilianesche President bei der Virstellung vum Plang. D'Ofholze vum Amazonas-Reebësch ze verhënneren bedeit och, "dobäi ze hëllefen, déi global Erwiermung ze reduzéieren".
D'lescht Woch huet déi brasilianesch Regierung allerdéngs e Réckschlag missten a Kaf huelen, wéi d'Deputéiert vum Ënnerhaus fir e Gesetz gestëmmt hunn, dat d'Zoustännegkeet fir d'Zoudeele vun neien indigeene Schutzgebidder zréck un de Justizministère gëtt. Domat verléiert den Ëmweltministère d'Opsiicht iwwer d'Registréierung vun der ländlecher Flächennotzung - en decisiven Outil am Kampf géint d'illegaalt Ofholzen. De Senat muss d'Gesetz awer nach unhuelen.