6 Blesséierter no Messerattack zu Annecy (F), 2 Kanner schro verwonnt

© AFP
Am franséischen Annecy koum et en Donneschdeg de Moien zu enger bluddeger Dot op enger Spillplaz an der Géigend vum Séi.
En Onbekannten ass kuerz virun 10 Auer mat engem Messer op d'Leit, respektiv d'Kanner vun ongeféier dräi Joer lassgaangen. Am Ufank war laang net kloer, wéi vill Persoune blesséiert goufen. Erwuessener, just Kanner? D'Situatioun war oniwwersiichtlech.
Éischt Informatiounen hu vun aacht Blesséierte geschwat, dorënner siwe Kanner. Wéi franséisch Medien deen Ament nach gemellt haten, gouf et dräi schwéier Blesséierter.*
Geschitt ass dat Ganzt am Jardin de l'Europe.
Immens séier wieren d'Forces de l'ordre op der Plaz gewiescht an hätten den Onbekannten immobiliséiert. Dat soen och vill Zeien. Iwwert Hannergrënn ass nach näischt gewosst.
Wat vill franséisch Medie gemellt haten, gouf spéider confirméiert: beim presuméierten Täter handelt et sech ëm en Demandeur d'asile aus Syrien, deen am Oktober 1991 gebuer ass. Hie wier der Police a Frankräich net bekannt.
Den 28. November d'lescht Joer hätt hie seng Demande gemaach an dobäi uginn, dass hie vum Glawen hier e Chrëscht wier. De Flüchtlingsstatus hat hien de 26. Abrëll 2023 a Schweden kritt.
Um 9.45 Auer wier de Mann, an engem schwaarzen T-Shirt a schwaarze Short, mam Messer am Grapp op der Wiss op d'Kanner duergetrëppelt. Dat zu enger Zäit, wou vill virun allem kleng Kanner op der Spillplaz waren, Kanner am net schoulflichtegen Alter. Et wier alles séier gaangen, sou Zeien a Betraffener. Hie wier den Awunner schonn déi Deeg virdrun opgefall, ma keen huet sech bis dohi Froe gestallt.
Just véier Minutte soll et gedauert hunn, bis de presuméierten Täter festgeholl war. Hie gouf dobäi net blesséiert. Aktuell ass den antiterroristesche Parquet net mam Fall befaasst.
Engem leschte Bilan no goufe sechs Persoune verwonnt, dorënner véier Kanner.* Wéi et weider heescht, besteet bei zwee Kanner Liewensgefor. Ee Kand huet misse bis op Genf an d'Spidol bruecht ginn. 37 Persoune wieren an engem psychologesche Schock, melle franséisch Medien.
Den Inneminister Gérald Darmanin an d'Premierministesch Élisabeth Borne si kuerz no 14 Auer op d'Onglécksplaz gefuer. De franséische President Emmanuel Macron schwätzt vun enger Attack, déi vu Feigheet net z'iwwertreffe wier.
*Et gouf am Laf vum Dag ënnerschiddlech Zuelen zu de Blesséierten. En éischte Bilan hat vun am Ganzen aacht Blesséierte geschwat.