Donald Trump a 37 Punkte wéinst Ëmgang mat Geheimdokumenter ugeklot

En Dënschdeg soll den Ex-President a méigleche Kandidat vun de Republikaner virun engem Geriicht zu Miami aussoen.
Déi geheim Regierungsdokumenter hunn en Nospill fir den Donald Trump. De fréieren US-President gëtt wéinst geheimen Dokumenter a sengem Ëmgang domadder ugeklot. Wéi aus der Uklo ervirgeet, gouf hien am Ganzen a 37 Punkten ugeklot. De republikaneschen Ex-President soll ënnert anerem geheim Dokumenter zu Atom- a Waffeprogrammer vun den USA an aner Staaten illegal matgeholl goufen.
Den Trump selwer huet dat erkläert, hien hätt et ni fir méiglech gehalen, datt esou eppes engem fréiere President passéiere géif. "Déi korrupt Biden-Regierung huet meng Affekoten informéiert, datt ech ugeklot ginn", esou den Trump als éischt Reaktioun op Truth Social.
Den FBI hat zejoert bei enger Razzia am Trump sengem Haus zu Mar-a-Lago eng 11.000 Dokumenter confisquéiert, dorënner vill geheim Ënnerlagen, déi net hätten dierfen a senger Privatresidenz sinn. Sou hätt den Trump sech strofbar gemaach.
Ufanks hat et säitens den Affekote vum Trump nach geheescht, hie wier a siwe Punkte ugeklot ginn. En offiziellt Dokument, datt hien ugeklot wier, hat een awer zu deem Moment nach net kritt, esou säi rechtleche Vertrieder Jim Trusty géintiwwer CNN. Et wier ee just per Schreiwes opgefuerdert ginn, datt ee viru Geriicht misst kommen. "Dëst entsprécht net genau enger schrëftlecher Uklo, awer et stounge verschidde Formuléierungen dran, déi drop hindeiten, datt et siwen Uklo-Punkte wäert ginn", esou den Trusty.
Hie goung virun der offizieller Uklo schonn dovunner aus, datt den Trump ënner anerem wéinst Sammelen, Iwwermëttelen a Verléiere vu Informatioune vun der US-Defense ugeklot wäert ginn. Dëse Punkt fält ënnert d'Spionagegesetz vun den USA a ka mat bis zu 10 Joer Prisong bestrooft ginn. Och geet aus dem Schreiwes ervir, datt weider Punkte kéinte sinn, datt den Trump wuel d'Justiz behënnert a Falschaussoe gemaach huet. Wat awer elo genau d'Punkte vun der Uklo wieren, doriwwer wier dem Ex-President seng Ekipp nach net informéiert.
Den Donald Trump, dee jo d’nächst Joer nees bei de Presidentielle kandidéiere wëll, ass elo schonn den éischten Ex-President vun den USA, deen no senger Zäit am Amt, ugeklot gouf. Dat wéinst der Affär ëm Suen, deen hien der Pornoschauspillerin Stormy Daniels 2016, also viru senger Wiel zum President, soll bezuelt hunn, fir datt si hir Affär fir sech behält .