No der Messerattack vun engem Mann op 6 Mënschen zu Annecy stelle sech vill Froen. Notamment déi vum Motiv, dat elo an enger Enquête gekläert soll ginn.

D'Natioun steet ënner Schock... Dat huet de franséische President Emmanuel Macron op Twitter geschriwwen, nodeems e Mann 4 kleng Kanner an zwee Erwuessener op enger Spillplaz zu Annecy ugegraff huet. D'Verbrieche beweegt ganz Frankräich an och iwwer d'Grenzen eraus.

D'Ermëttlunge wéinst dem Verdacht op versichte Mord hunn ugefaangen. Onkloer ass, firwat den 31 Joer ale Mann dat gemaach huet. Den Täter, e syresche Flüchtling, deen zanter Hierscht d'lescht Joer an der franséischer Stad gelieft huet, soll sech e Freideg de Moien enger psychiatresch Analys ënnerzéien. Hien huet virdrun 10 Joer laang a Schweden gelieft, war do bestuet a war beméit och d'schwedesch Nationalitéit ze kréien, ouni Succès. D'lescht Joer hätt hie sech scheede gelooss a wier dunn a Frankräich komm.

Wéi de franséischen Inneminister Gérald Darmanin nach erkläert huet, hätt de Mann a Frankräich, Italien an an der Schwäiz Demanden op Asyl gemaach. A senger Demande a Frankräich hätt hie sech als "syresche Chrëscht" bezeechent. Um Dag vun der Messerattack hat hien e Kräiz als Ketten um Hals hänken, huet dës och ëmmer nees wärend der Dot an d'Hand geholl.

Eréischt de Sonndeg virdru wier eng Demande op Asyl vu franséischer Säit refuséiert ginn. D'Begrënnung war, well hie schonn eng a Schweden hätt.

Et géife "keng Indicen op en terroristescht Motiv" ginn, seet d'Procureur Line Bonnet-Mathis. Och dem Geheimdéngscht ass de presuméierten Täter net bekannt.

De Mann war géint 9.45 Auer mat engem 10 Zentimeter laange Klappmesser op kleng Kanner op enger Spillplaz lassgaangen. Op Videoe vun Aenzeien ass ze gesi gewiescht, wéi hien op zwee Kanner, déi an engem duebele Buggy souzen, agestach huet. Hien hätt och op d'mannst zwee Mol "In the name of Jesus" gejaut. Eng Fra war och an deem Video ze gesinn, wollt de Mann vun de Kanner ewechstoussen an huet ëm Hëllef geruff. Ëmmer nees huet dotëscht a jonke Mann mat engem Rucksak versicht, de Mann vu der Dot opzehalen. De Verdächtege wier dono geflücht, hätt op der Flucht nach en eelere Mann op enger Bänk ugegraff. D'Police hätt dunn op hie geschoss, dobäi awer den eeleren Här getraff.

Hien hätt en Donneschdeg weder ënnert dem Afloss vun Alkohol, nach vun Drogen gestanen, heescht et vun der franséischer Police. Vu senger Famill heescht et, datt den Täter ënner "schwéieren Depressioune" leide géing, zanterdeem him d'Staatsbiergerschaft a Schweden refuséiert gouf.

Wéi d'Lokalzeitung "Le Dauphiné Libéré" nach gemellt hat, hat de Syrer kee feste Wunnsëtz. Aner Zeien hu gezielt, dass de Mann zanter zwee Méint all Dag vu moies bis owes op enger Bänk beim Séi gesiess an do deelweis mat sech selwer geschwat hätt.

Déi 22 Méint bis 3 Joer jonk Kanner wieren nach ëmmer an engem kriteschen Zoustand a ginn a Spideeler zu Grenoble an zu Genf behandelt. Et handelt sech ëm Kanner aus Frankräich. Déi aner zwee Kanner, déi och verwonnt goufen, sinn aus Holland a Groussbritannien. Och een Erwuessene wier nach e Liewensgefor, e weidere gouf liicht blesséiert.

Positiv Nouvellen sollen et awer iwwert déi blesséierte Kanner, sou huet de franséische President Emmanuel Macron e Freideg wësse gedoen. Alles, wat him gesot gi wier, géif "an déi richteg Richtung weisen", sou de Macron, wéi hie bei enger Visitt zu Annecy vun engem Pompjee dorop ugeschwat gouf.

D'Spillplaz ass en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg nees fir de Public opgaangen. Vill Mënschen hu Blummen am Gedenken un d'Affer néiergeluecht.