An der Ukrain hate sech Géigenoffensiv- an Defensiv-Aktiounen ugedeit, déi hu sech elo offiziell confirméiert.

Hie géif elo nach "keng Eenzelheeten" nennen, sou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e Samschdeg zu Kiew. Domat huet hien oppe gelooss, ob et sech ëm déi laang erwaarte Géigenoffensiv vun der Ukrain handelt. E Freideg hat de Kreml-Chef Putin erkläert, d'ukrainesch Géigensoffensiv wier lancéiert. Moskau no huet zulescht vu schwéiere Kämpf virun allem am Süde vun der Ukrain geschwat.

D'humanitär Situatioun an der Ukrain ass däitlech méi schlecht ginn

Nodeems e Staudamm zesummegebrach war, bräichten elo 700.000 Leit Drénkwaasser. D'UN hätt bis ewell 30.000  Leit an deene vun der Ukrain kontrolléierte Gebidder gehollef. Russland hätt dat op den occupéierten Territoiren net erlaabt.

D'UN warnt och, dass duerch d'Iwwerschwemmungen den ukrainesche Kären-Export erofgoe wäert an doduerch d'Liewesmëttelpräisser weltwäit klamme géifen.

RTL

Zu Odessa si bei enger russescher Loftattack ukraineschen Aussoen no dräi Zivilisten ëm d'Liewe komm an zisch Persoune blesséiert ginn. Stécker vu enger Dron, déi ofgeschoss gouf, wieren op en Appartementshaus gefall an hätten e Feier ausgeléist.

Den ukraineschen Autoritéiten no soll Russland 35 Dronen an 8 Rakéiten op Ziler an der Ukrain ofgeschoss hunn. Nieft Odessa wieren och Ziler an der Regioun Charkiw an Poltawa viséiert gewiescht sinn. Moskau behaapt, datt si just strategesch wichteg Ziler an Militärunitéiten an der Ukrain attackéiere géifen. Allerdéngs ginn et och ëmmer erëm zivil Affer bei dësen Attacken.