D'Shebab-Miliz huet en Hotel an der somalescher Haaptstad attackéiert. Dobäi koume 6 Zivilisten an 3 Membere vum Sécherheetsdispositif ëm d'Liewen.

10 weider Persoune goufe verwonnt, heescht et vun der Police.

Den Hotel Pearl Beach war an der Nuecht op e Samschdeg 6 Stonne laang belagert ginn, éier d'Police d'Rebellen erschoss hätt, mellt de Sender SNTV. 84 Persoune sollen aus dem Hotel gerett gi sinn.

Aenzeie schwätze vu Schëss an Explosiounen beim Hotel am beléifte Lido Beach.