No der Messerattack a Frankräich geet d'Sich nom Motiv weider. Hiweiser op en terroristeschen Hannergrond ginn et net.

D'Autoritéiten ermëttele géint den 31 Joer ale Syrer, dee bis ewell zur Dot keng Aussoe gemaach huet, sou d'Procureur Line Bonnet-Mathis e Samschdeg. Déi véier vum Mann schwéier blesséiert Kanner wieren antëscht ausser Liewensgefor.

Den Ugräifer wier bei zwou psychologeschen Ënnersichungen als haftfäeg agestuuft ginn a koum an Untersuchungshaft. Et géif och keen Indice op Wanvirstellungen ginn. Et wier awer nach ze fréi, eng psychesch Erkrankung auszeschléissen.

En Donneschdeg hat de Mann véier kleng Kanner an zwee Erwuessener mat engem Messer beim Séi zu Annecy deels schwéier blesséiert.