Berüchtegten Attentäter "Unabomber"an US-Prisong gestuerwen

© AFP Archivbild
Wéi d'zoustänneg Autoritéiten e Samschdeg matgdeelt hunn, ass den als "Unabomber" bekannten US-Attentäter am Alter vun 81 Joer am Spidolsprisong verscheet.
De fréiere Mathésproff war fir eng Serie vun Uschléi tëscht 1978 bis 1995 responsabel mat Pakbommen, bei deenen dräi Mënschen ëm d'Liewe komm sinn an 23 weiderer blesséiert goufen.
1996 gouf de Kaczynski an enger Einsiidlerhütt an de Bierger no engem Hiweis vu sengem Brudder festgeholl an 1998 zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt, trotz nogewisener paranoider Schizophrenie. De Kaczynski hat selwer op schëlleg plädéiert an d'Geriicht opgefuerdert, e Plädoyer vu senge Verdeedeger op Scholdonfäegkeet ofzeweisen. "Unabomber" gouf hie genannt, well sech seng Uschléi virun allem géint Héichschoulen a Fluchgesellschaften, op Englesch "universities and airlines", geriicht hunn.
Am September 1995 haten d'New York Times an d'Washington Post e laangt Manifest vum Kaczynski verëffentlecht, an deem dësen seng Ofneigung géintiwwer der moderner Technologie an der moderner Welt geäussert huet. Am Géigenzuch hat de Kaczynski versprach, seng Serie vun Uschléi ze stoppen.
D'Verëffentlechung vum Manifest huet um Enn dozou geféiert, dass hie festgeholl gouf. Säi Brudder huet den Text an der Zeitung gelies an hat de Verdacht, dass et sech beim Unabomber kéint ëm den Ted Kaczynski handelen. Mat sengem Verdacht huet hie sech un den FBI geriicht.
No senger Verurteelung souz de Kaczynski laang Joren an engem Héichsécherheetsprisong a Colorado. 2021 gouf hien an de Spidolsprisong an North Carolina verluecht.