De Chef vum Wagner-Grupp, Prigoschin, huet an engem Audio-Message erkläert, hien hätt seng Truppen zeréckgeruff. De Marsch op Moskau géif gestoppt ginn.

De Chef vum Wagner-Grupp, Jewgeni Prigoschin, huet e Samschdeg den Owend sengen Truppe wuel de Befeel ginn, fir zeréck an hir Stëtzpunkten ze goen. Domadder wéilt hie Bluttvergéisse vermeiden, heescht et an engem Audio-Message vum Prigoschin.

Och de Büro vum belarussesche President Alexander Lukaschenko huet matgedeelt, de Prigoschin wier bereet, fir de Virmarsch vu senge Kämpfer a Russland ze stoppen. Hie wier zu enger Deseskalatioun vun der Situatioun bereet, sou d'Erklärung vum Büro op sengem offiziellen Telegram-Kanal. De belarussesche President Alexander Lukaschenko hätt mam Putin sengem Averständnis mam Prigoschin geschwat. Et léich en Accord iwwert d'Sécherheet vun de Wagner-Kämpfer um Dësch.

E Sonndeg den Owend huet de Kreml den Accord confirméiert. Et wier een Ofkommes getraff ginn, fir weider Verloschter ze vermeiden, sou de Kreml. De Prigoschin wäert a Belarus goen. D'Klo géint hie géing falegelooss ginn. Wou hie sech aktuell ophale géif, wier net gewosst.

Prigoschin: Wagner-Söldner 200 Kilometer viru Moskau

De Prigoschin sot, seng Kämpfer wäre bis op 200 Kilometer u Moskau erukomm. De Konvoi war a Richtung russesch Haaptstad gestart, nodeems e Muechtkampf tëscht dem Wagner-Chef an dem russesche Verdeedegungsministère eskaléiert war.

Wagner-Söldner waren dunn an der Nuecht op e Samschdeg vun der Ukrain aus a Russland amarschéiert. Rostow um Don läit just 50 Kilometer hannert der ukrainesch-russescher Grenz. D’Stad ass d’Zentral, wou d’Fiedem vun der Invasioun zesummelafen a Russland déi gréissten Truppekonzentratioun huet. Et sinn 1.000 Kilometer bis op Moskau. An der Nuecht op e Samschdeg huet de Wagner-Grupp d’Kontroll iwwerholl an huet Presenz bei de regionale Verwaltungsgebeier vun der Stad gewisen. De Chef vun de Söldner, Jewgeni Prigoschin, huet déi russesch Arméi- a Verdeedegungsministeren am Kreml verbal attackéiert. Seng Wagner-Truppe wiere vum reguläre russesche Militär ugegraff ginn. Elo wier d’Mooss voll. De Wagner-Chef huet d’Arméi zu der Rebellioun opgeruff.

Fir de Kreml-Chef Putin ass et Verrot, mee seng Reaktioun an d’Situatioun weise wéi bâcléiert seng Militärcampagne ass a wéi schwaach de President am Kreml mëttlerweil optrëtt. Seng Féierungkraaft ass op engem Déifpunkt ukomm. Russesch Zaldoten hu bis ewell just eng eenzeg Victoire an der Ukrain verbucht. Et ass déi zu Bachmut, an dat waren d’Wagner-Truppen.

Engem Prigoschin huet de Kreml wéineg entgéint ze setzen. Virun allem net militäresch.

Dr Anna Matveeva – King’s College London: Si si ganz gutt equipéiert. Si hu Krichsfliger, Artillerie, Panzer, militäresch Gefierer a si hu séier an effikass, motivéiert a gutt trainéiert Truppen. An deem Sënn si se dee besseren Deel vum russesche Militär a si hu Fronterfarung kritt an de leschte Méint. Si sinn eng Force mat där ee muss rechnen.D'Söldner waren de ganze Samschdeg iwwer a Richtung Moskau ënnerwee. Zu Woronesch, just nach 400 Kilometer südlech vun der russescher Haaptstad, hu se e Pëtrolslager vum Militär attackéiert. Wagner hat och do d’Kontroll iwwert déi militäresch Infrastrukturen iwwerholl. De Wagner-Grupp huet ronn 25.000 Zaldoten – bis elo.

Dr Anna Matveeva: Ech menge wat mer elo mussen am A behalen ass ob Wagner an de Prigoschin Alliéierter kréien. Virun allem op Ënnerstëtzung kënnt aus de Muecht- a Sécherheetsstrukturen: vum militäresche Geheimdéngscht, vun der Police… oder ob en esouguer einfach Bierger ka mobiliséieren. Hien ass beléift baussent de grousse Stied. Da géif et eng méi grouss Kris ginn.Wéinst der Angscht virun enger gréisserer Rebellioun ginn zu Moskau mëttlerweil schonn d’Plakater erofgeholl, op deene Reklamm gemaach gëtt, dem Wagner-Grupp bäizetrieden.

En interne Konflikt ass genee dat, wat de Kreml elo am allermannste gebraucht hätt, wou et souwisou net gutt leeft. D’Friichten dovun dréit virun allem d’Ukrain.

Den Opstand suergt och international fir Beonrouegung

Den US-President Joe Biden huet mam franséische President Emmanuel Macron, mam däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz a mam brittesche Premier Richie Sunnak telefonéiert. Et géing ee weiderhi voll hannert der Ukrain stoen, resüméiert d'Wäisst Haus.

Lettland huet seng Grenze fir russesch Staatsbierger zougemaach. An och Estland huet annoncéiert, et géif een d'Sécherheet op der Grenz verstäerken.

Zu Bréissel hunn d'Membere vun de G7 sech e Samschdeg iwwert d'Situatioun ausgetosch, et sinn allerdéngs nach keng Detailer bekannt.

Wéi RTL op Nofro vum Lëtzebuerger Ausseministère confirméiert krut, gëtt Lëtzebuerg iwwer all déi rezent Entwécklungen informéiert. Den Ausseminister Jean Asselborn war e Samschdeg Invité am RTL-Journal an huet déi aktuell Entwécklungen a Russland kommentéiert.

Putin schwätzt vu "Bestrofe" vu "Verräter"

De russesche Verdeedegungsministère huet d'Zaldote vun der Söldnergrupp opgeruff, mam arméierten Opstand opzehalen. Si solle sou séier wéi méiglech Kontakt mat Representante vun der russescher Arméi ophuelen. Hir Sécherheet wier garantéiert.

De russesche President Vladimir Putin huet sech e Sonndeg de Moien an enger Ried op der Tëlee un d'Populatioun adresséiert. Hien huet vun engem "Stéch an de Réck" geschwat. Den Opstand wier eng déidlech Bedreeung fir Russland an déi, déi dohannert si sollen "bestrooft* ginn". Hie géing e "Biergerkrich" a Russland net zouloossen:

"Mir wäerten et sech net widderhuele loossen. Mir wäerten eis Leit an eis Souveränitéit géint all Menace, och Verrot vu banne verdeedegen. Dat, mat deem mir elo confrontéiert sinn ass Verrot. Deraisonnabel Ambitiounen a perséinlech Interête féieren zu Verrot un den eegene Leit an der gemeinsamer Cause, fir déi d’Wagner-Kämpfer un de Säite vun eisen Unitéite gekämpft hunn a gestuerwe sinn."

*An éischte Meldunge war dovu rieds, datt de Putin d'Autoritéiten domat beoptraagt hätt, d'Rebellen ze "neutraliséieren", dëst wier awer net dat richteg Verb, well de russesche President just vun enger "Bestrofung" geschwat hätt.

Anti-Terror-Noutstand zu Moskau

Zu Moskau an enger Partie weidere Regiounen a Russland gouf e Samschdeg de Moien en Anti-Terror-Noutstand zu a ronderëm Moskau ausgeruff. Fir méiglech Terrorattacken ze verhënneren, wier e Regime fir d'Operatioune géint den Terror agefouert ginn, wéi d'russesch Presseagencen aus engem Communiqué zitéieren.