Wéi stinn d’Aussiichten op Fridden an der Ukrain?

© AFP
Kuerz- a mëttelfristeg ass et éischter onwarscheinlech, dass et eng Léisung am Krich gëtt, esou de Konfliktfuerscher Dr. Jonas J. Driedger.
Nach méi onwarscheinlech wier et, dass den allgemenge Konflikt tëscht Russland an der Ukrain geléist kéint ginn. Duerch den Opstand vun de Wagner-Söldner huet sech dem Expert no och d’Aussicht op Fridden net verbessert, et géif esouguer éischter alles nach méi komplizéiert ginn.

© AFP
Opstand net Ausdrock fir grondleeënd Verännerungen
Dat wat a Russland geschitt wier, wier keng grouss ugeluechte Revolutioun géint de Regime gewiescht, esou den Dr. Driedger vum hesseschen Institut fir Friddens- a Konfliktfuerschung. Vill méi wier et en Opstand vu bannent dem System gewiescht. Den Alexander Prigoschin hätt mat senger paramilitärescher Trupp versicht am innepolitesche Muechtapparat eppes ze änneren. Dat wier net Ausdrock dovun, dass sech bannent Russland eppes géif grondleeënd änneren.
Gespréich tëscht Selensky a Putin éischter onwarscheinlech
"Ech mengen, datt elo déi eenzeg intelligent Léisung wär, wann de russesche Kremlchef Putin an den ukrainesche President Selenskyj géife matenee schwätzen", dat sot de Premier Xavier Bettel dës Woch an engem Interview mat der Noriichtenagence dpa.
Den Dr. Jonas Driedger hält et fir onwarscheinlech, dass an noer Zukunft den ukraineschen a russesche President un engem Dësch iwwert Fridde verhandelen. Béid Säite géifen aktuell op Fuerderunge bestoen, déi fir déi aner Säit net ze acceptéiere wieren. Fir an d’Situatioun vu Friddensverhandlungen ze kommen, misst virdru militäresch, politesch an diplomatesch, nach villes geschéien.

© AFP
EU an NATO musse sech op verschidden Zenarie preparéieren
Et kann ëmmer sinn, dass sech innepolitesch d’Variabele grondleeënd änneren, zum Beispill duerch e Putsch oder eng Massebeweegung. Dat kéint fir de Politikwëssenschaftler éischter a Russland geschéien. Géif et zu sou enger Situatioun kommen, géif dës Risike ma och Chance mat sech bréngen:
"Es wäre wichtig, dass auch in der EU und der NATO jetzt schon über Szenarien nachgedacht werden, wie man sich in bestimmten Situationen verhält und darüber sollte man auch mit den Ukrainern kommunizieren."
Eng aner Perspektiv, wier déi vun engem sougenannte "frozen conflict". Da géife sech d’Stellunge verhäerten. Béid Konfliktparteie missten dann agesinn, dass weider offensiv Handlungen innepolitesch éischter géinge schueden.
Wann de Konflikt géif "ofkillen" kéint dat dozou féieren, dass iergendwann déi laangfristeg Diplomatie zu Fridde féiert.
Den Dr. Jonas J. Driedger ass Fuerscher bei der hessescher Stëftung fir Friddens- a Konfliktfuerschung. Spezialiséiert huet hie sech an der Analys vun Ursaachen an Ofleef vun tëschestaatleche Konflikter, mam Schwéierpunkt Ukrain a Russland. De Jonas Driedger huet selwer zu Kiew a Moskau gelieft.