Spenden no der Äerdbiewekatastroph am Maroc

© Photo by FADEL SENNA / AFP)
Nom schroen Äerdbiewen am Maroc op e Samschdeg hunn ënnert anerem Médecins Sans Frontières, d'Caristas an d'Rout Kräiz opgeruff fir ze spenden.
Mëttlerweil ass och kloer, dass dausende Leit hiert d'Liewe verluer hunn, nach méi Leit hunn hiert doheem verluer a sinn dohier grad elo massiv op Hëllef vu Spenden ugewisen. Leit aus Lëtzebuerg hunn heivir eng Rei Optiounen an Organisatiounen, déi Hëllef am Katastrophegebitt am Maroc, ma och soss op der Welt leeschten.
Hëllefsorganisatiounen wéi Care, d'Caritas, d'Croix Rouge an Medecins sans frontières hu Spendenopriff lancéiert, fir de Leit op der Plaz weider ze hëllefen. Sief et bei der Sich no Vermëssten, mat Iessen a Waasser, mat medezinescher Hëllef oder Noutlogementer.
Médecins Sans Frontières
Ënnert anerem MSF ruffen dozou op an erklären an engem Communiqué, dass d'Organisatioun séier op esou Naturkatastrophe wéi Äerdbiewe reagéieren an hëllefe kann. Iwwer 85% vum Geld dat iwwert d'Donatiounen erakënnt, geet direkt op den Terrain.
Een Dag nom Äerdbiewe, sinn déi éischt Ekippe vun MSF zu Amizmiz an Taharat am Zentrum vum Maroc ukomm. Et gëtt op der Plaz mat de lokalen Autoritéiten ofgekläert wéi si am beschten hëllefe kënnen.
Spende kann een Online oder et mécht een eng Iwwerweisung. Hei d'Donnéeën fir de Virement:
CCP LU75 1111 0000 4848 0000 BIC : CCPLLULL
Croix Rouge
Och d'Rout Kräiz ass natierlech elo verstäerkt am Gebitt am Asaz an ass fir all Don dankbar. D'Organisatioun huet och annoncéiert, weidert Personal op den Terrain ze schécken, fir esou besser reagéieren ze kënnen.
Spende kann een mat der Kommunikatioun "Séisme Maroc" op dës Donnéën:
CCP LU52 1111 0000 1111 0000 BIC : CCPLLULL
Weider Infoen ginn et Online.
Caritas
Och d'Caritas huet an owwer 160 Länner Leit op den Terrain geschéckt, fir de Leit am Maroc ze hëllefen. An deem Kader maachen och si den Opruff ze spenden.
Spende kann een Online oder iwwer Iwwerweisung. D'Kommunkatioun fir d'Iwwerweisung ass "Tremblement de terre au Maroc":
CCP LU34 1111 0000 2020 0000 BIC : CCPLLULL
Care
Care ass am Asaz am Maroc, dat virun allem fir Fraen a Kanner ze hëllefen, déi vun der Naturkatastroph betraff sinn.
Hei d'Donnéeë fir iwwer Care de Leit an der Regioun ze hëllefen, dat mam Betreff "Marokko":
IBAN: LU85 0019 2955 6050 3000 BIC: BCEELULL
Unicef
Iwwert d'Unicef kann een sech och mat engem Don un der Hëllef bedeelegen.
Iwwert dëse Link kann een eng Spend online maachen.