Néng Méint virun den Europawalen huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e Mëttwoch hir Ried zur Lag vun der Natioun gehalen.

Thematesch war de Monolog virum Parlament zu Stroossbuerg zwar breet gefächert, ma fir de Gros vun de Lëtzebuerger Europadeputéierte war et eng Walkampfried vun der Ursula von der Leyen an de Versuch, sech bei hirer Fraktioun, der EVP, nees méi beléift ze maachen.

Reaktioune Lëtzebuerger EU-Deputéiert / Reportage Pierre Jans

D'Begrëffer "Green Deal" a "Lutte géint Klimawandel" sinn zwar nach ëmmer dacks gefall, déi gréng Fraktioun fënnt sech trotzdeem net an dëser Ried vun der Kommissiounspresidentin erëm, erkläert d'Tilly Metz an enger digitaler Pressekonferenz mat all de Lëtzebuerger Europadeputéierten: "Et war e Speech wou ganz kloer den Handel voll am Mëttelpunkt stoung. An dat au détriment vum Sozialen. Et war a Phase wierklech wäit fort vun der Realitéit."

Genee de Contraire soen d'EU-Deputéiert vun der CSV, déi zu der selwechter politescher Famill, wéi d'Ursula von der Leyen gehéieren. Fir d'Isabelle Wiseler-Lima ass d'Kompetitivitéit e wichtege Sujet: "Wa mir eis Valeure wëlle weider verdeedegen, da muss d'EU kompetitiv bleiwen an innovativ sinn!"

Och vum Christophe Hansen gouf et no der Ursula Von der Leyen hirer Ried e positive Feedback: "Aus der Siicht vun EVP, hu mir eis an de leschte Rieden e bëssen negligéiert gefillt. Hei huet d'Madame von der Leyen et fäerdeg bruecht, realistesch um Bols vun Europa ze sinn."

Och den DP-Europadeputéierten Charel Goerens an de Marc Angel vun der LSAP sinn der Opfaassung, et wär déi Kéier eng Ried fir d'Membere vun der Europäescher Vollekspartei gewiescht: "Et war eng Walkampfried fir d'Spëtzekandidatur bei der EVP. Si wollt do kengem op d'Féiss trëppelen. Si hätt awer vläicht missen op aner Punkten agoen."

Zum Beispill, d'Prozedur géint Polen an Ungarn wéinst presuméierten Defiziter bei der Rechtsstaatlechkeet, esou de Marc Angel.
D'Ursula von der Leyen huet dofir awer wärend Minutten erkläert, dass d'Unioun wirtschaftlech attraktiv muss bleiwen. Business soll méi einfach ginn an der Unioun, mat 25 Prozent manner administrativen Obligatioune fir kleng- a mëttel Betriber.

De Charel Goerens huet sech an dësem Zesummenhang allerdéngs skeptesch gewisen: "Ech si jo Joerzéngten an deem Haus hei. Ech héieren zanter ëmmer dat Administratiivt géif ofgebaut ginn. Et ass just méi ginn. D‘Kommissiounspresidentin huet probéiert d‘Baueren ze bauchpinselen. Si huet awer net gesot wéi si déi dramatesch Präisbaisse wëll opfänken."

An der Diskussioun, ob d'Kommissiounspresidentin d'Ekonomie virun den Ëmweltschutz gesat hätt, huet d'onofhängeg EU-Deputéiert Monica Semedo sech neutral geäussert: "Kompetitivitéit jo, mä net zu all Präis. Et brauch eng sozial Kreeslafwirtschaft."

Konsens tëscht den sechs Europadeputéierten besteet doran, dass d‘Kommissioun d‘Ukrain an hir Awunner laangfristeg ënnerstëtze wëll.