Zuel vun Doudesaffer kéint op iwwer 25.000 klammen

No den uerge Wiederen a Libyen gëtt gefaart, datt d’Zuel vun den Affer nach drastesch an d’Luucht kéint goen.
An der Hafestad Derna gi 5.000 Doudeger gefaart, 3.800 si bis ewell confirméiert. Den Autoritéiten no kéint d’Zuel nach däitlech an d'Luucht goen. De Buergermeeschter vun Derna, wou ronn 100.000 Leit liewen, fäert, datt bis zu 20.000 Leit a senger Stad kéinte gestuerwe sinn. Grouss Deeler vun der Stad si komplett zerstéiert. De Bulli géif meter-déck op de Gebaier leien.
Iwwert der Stad ass jo duerch de ville Reen en Damm gebrach.
D'Roserei gëtt och ëmmer méi grouss. De Reproche ass, datt Korruptioun, Muechtkämpf an Noléissegkeet d'Ongléck eréischt méiglech gemaach hätten. D'Autoritéiten hätten näischt ënnerholl, fir sou Katastrophen ze verhënneren oder virzewarnen.
Ëmmer méi Hëllef aus dem Ausland ass mëttlerweil ukomm, och Gidder wéi Zelter, wou Leit, déi iwwerlieft hunn, emol provisoresch sollen ënnerkommen. Wäit iwwer 30.000 Leit hu keen Daach méi iwwert dem Kapp.