Belsch Riichter kloer: Salah Abdeslam muss a Frankräich an de Prisong

D'Zeechnung vum Salah Abdeslam viru Geriicht / © AFP
De verurteelten islamisteschen Terrorist däerf seng liewenslänglech Prisongsstrof net an der Belsch ofsëtzen, mä muss weiderhin a Frankräich an de Prisong.
Déi lescht Woch hat de Salah Abdeslam eng offiziell Demande gemaach, net méi zeréck un déi franséisch Autoritéiten ausgeliwwert ze ginn, nodeems hien elo eng Zäit laang an der Belsch am Prisong war, well hien do de Prozess gemaach krut wéinst den Attentater zu Bréissel 2016.
E Geriicht an der belscher Haaptstad huet déi Demande awer refuséiert. D’Riichter hunn et net als begrënnt unerkannt, dass seng Mënscherechter a Frankräich blesséiert gi wieren.
Den Abdeslam gëllt als den eenzegen Iwwerliewende vun den Terroristen, déi och am November 2015 d’Terror-Attentater zu Paräis gemaach haten. 130 Leit waren deemools ëmkomm, 4 Méint méi spéit der nach emol 35 zu Bréissel.