Putin soll Invitatioun fir Visitt an Nordkorea ugeholl hunn

© AFP
Nordkorea a Russland wëllen hir Bezéiunge wéi et schéngt weider verdéiwen.
Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un huet Medieberichter no bei senger Visitt a Russland de russesche President Wladimir Putin fir eng Visitt an Nordkorea agelueden. Nordkoreanesche Medien no soll de Putin dës Invitatioun ugeholl hunn.
Déi staatlech Noriichtenagence KNCA huet gemellt, de Putin hätt d'Offer vun engem Géigebesuch "gären" ugeholl a säi Wëlle bekräftegt, "d'Geschicht an d'Traditioun vun der Frëndschaft tëscht Russland an der Demokratescher Volleksrepublik Korea weiderzeféieren". Deemno soll een Treffen op nordkoreaneschem Buedem "zu engem passenden Zäitpunkt" organiséiert ginn. Vu russescher Säit gouf e méiglecht zukünftegt Treffe vu béide Staatscheffen an Nordkorea bis ewell net confirméiert.
Wéineg Detailer iwwer Inhalter vu Berodungen
De Kim Jong Un war e Mëttwoch a Russland ukomm an e Mëttwoch zu Wostotschny fir Gespréicher mam Putin zesummekomm. Iwwert den Inhalt vun de Berodunge gouf um Enn vum Treffe wéineg bekannt. Déi nordkoreanesch Noriichtenagence KNCA huet de Kim mat de Wierder zitéiert, hien hätt de Putin opgrond vun den "militäresche Menacen, Provokatiounen an Tyrannei vun den Imperialisten" eng méi intensiv strategesch an taktesch Zesummenaarbecht decidéiert. Och de Putin hat am Virfeld vun "Méiglechkeeten" enger militärescher Kooperatioun geschwat. Wéi dës kéint ausgesinn, hat hien oppe gelooss.
Confirméiert gouf vu russescher Säit awer, datt Nordkorea Hëllef beim Bau vu Satellitte kréie soll.
USA a Südkorea weise sech alarméiert
D'USA reagéiere mat Suerg op d'Treffe vu Putin a Kim. Et wier "beonrouegend", dass Russland an Nordkorea iwwert eng Zesummenaarbecht bei Programmer schwätzen, déi méiglecherweis géint eng Resolutioun vum UN-Sécherheetsrot verstousse géifen, sou de Spriecher vum Ausseministère Matthew Miller.
Och de südkoreanesche Minister Kim Young-ho huet sech "déif besuergt" iwwert eng méiglech militäresch Zesummenaarbecht gewisen. "Mir fuerdere Russland an Nordkorea op, hiren illegalen Handlungen een Enn ze setzen, déi se isoléieren an zeréckwerfen, an déi international Reegelen ze respektéieren", sou d'Fuerderung vum Minister.