Den Toleranzberäich vun der Äerd ass ausgelaascht

© Full Picture Agency via AFP / Full Picture Agency / FPA
D'Mënschheet verléisst déi "sécher ekologesch Nisch", well d'Liewensgrondlagen op der Äerd schonn esou zerstéiert sinn, esou d'Auteure vun der Etüd.
"Der Äerd geet et schlecht", seet de Johan Rockström, deen de Modell vun der planetarescher Grenz viru 14 Joer erfonnt huet. Den Äerdfuerscher weist sech enttäuscht, well et einfach kee Fortschrëtt gëtt. Dat sot de 57 Joer ale Rockström bei enger Pressekonferenz viru Journalisten.
Mat sengem Modell wëll hie weisen, wéi wäit d'Zerstéierung vun der Liewensgrondlag op der Äerd ass an a wéi enge Beräicher déi rout Linne schonn iwwerschratt goufen. Déi lescht Joerdausenden huet d'Mënschheet dem Rockström no am Zäitalter vum "Holozäns" gelieft, also an enger "relativ stabeler Epoch". Dat wier och de Grond, wisou ee sech entwéckelen a seng Zivilisatioun ausbaue konnt.
2009 an 2015 gouf schonn eng Kéier esou ee "Gesondheetscheck" vun der Äerd publizéiert an den neie Bericht huet eppes gewisen: D'Mënschheet huet "déi sécher Nisch" elo definitiv verlooss. Am aktuellen Check koumen nämlech just schlecht Noriichten eraus. Well a sechs vun den néng Beräicher, déi de Rockström a sengem Modell definéiert huet, wieren d'Grenze vun de stabille Relatiounen iwwerschratt.

Grad an e Beräicher "Klimawandel", "Aartevillfalt a Biosphär", "Verännerung vum Notze vum Land", "Phosphor- a Stéckstoff-Kreeslaf", "Abrénge vun neie Stoffer wéi Atomdreck, Chemikalien oder Mikroplastik" a "Séisswaasser" ass d'Situatioun besonnesch dramatesch. / © Science Advances: Earth beyond six of nine planetary boundaries
All d'Beräicher, déi Rout, Donkelrout oder Lila gekennzeechent sinn, si besonnesch schlëmm betraff. Eenzeg d'Séisswaasser ass nach am "giele Beräich", ma och hei ass de Risiko héich, wann och net esou extrem, wéi bei den anere Beräicher. No un der Grenz läit dann och der Etüd no d'Versauere vun eise Mierer. Dëst ass eng Suite vum Klimawandel, well ronn ee Véierel vum Kuelendioxid, deen ausgestouss gëtt, vun den Ozeaner opgeholl gëtt. Wann d'CO2-Emissiounen awer weider klammen, ginn d'Mierer sauer, heescht, datt hire pH-Wäert erofgeet. Am Bericht, deen 2015 publizéiert gouf, ware just véier vun de Facteuren am roude Beräich.
Nei an der aktueller Variant ass, datt een och berechent, wéi déi eenzel Facteure sech géigesäiteg beaflossen respektiv esouguer verstäerken. Ee Beispill dofir ass d'Relatioun tëscht dem Notze vum Land duerch d'Ofholze vu Bëscher mam Klimawandel. Béid Grenziwwerschreidunge verstäerke sech dem Rockström no géigesäiteg. "Wann natierlech Raim zerstéiert ginn, gëtt méi CO2 ugereegt. [...] Am selwechten Ament stierwe bei enger staarker Äerderwiermung an extreme Wiederevenementer d'Bëscher nach méi séier". Den Auteure vun der Etüd no sinn nach knapp 60 Prozent vun der Bëscher weltwäit intakt. Als Vergläichswäert hëlt een d'Bëscher, déi et virum industriellen Zäitalter gouf, wat de Wäert vun 100 Prozent entsprécht. Déi rout Linn, déi net iwwerschratt hätt dierfte ginn, gouf vun de Fuerscher bei 75 Prozent gezunn.
D'Auteure gesinn hire Bericht als eng Zort Diagnos. Si weisen, wéi sech d'Ëmweltfacteuren iwwert déi lescht 170 Joer verännert hunn. Wéi eng Risiken dat mat sech bréngt, kënnen d'Fuerscher just schätzen. Et kéint kee soen, wat genau bei der Äerderwiermung vun 1,5 Grad géintiwwer dem virindustriellen Zäitalter passéiert, mengt de Fuerscher Rockström. Ma bei den 1,2 Grad, déi ee bis ewell huet, géif ee scho massiv Verännerunge mierken.
Déi planetaresch Grenze bleiwen awer aktuell just eng wëssenschaftlech Aschätzung, déi wuel mat Daten an Eenheete gefiddert goufen, awer trotzdeem eng Interpretatiounssaach sinn, wat politesch oder moralesch als "Risiko" verstane gëtt. Änlech wéi bei engem Mënsch, deem säi Bluttdrock wäit iwwert de Grenze läit, kann et och bei der Äerd nach laang gutt goen. Den Häerzinfarkt kann awer trotzdeem kommen, wéini genau, weess keen, seet Katherine Richardson vun der Uni Kopenhagen, déi mat un der Etüd geschafft huet. Wann d'Zerstéierung vum Planéit bis e gewëssene Level erreecht huet, kënnt et zu Verännerungen, déi ee net méi réckgängeg maache kann.
De Mënsch ass aktuell amgaangen, fir d'Gesondheet vum Planéit ze strapazéieren. "Domadder verschäerft hien déi kritesch Situatioun nach weider. "Mir stoussen eis grad selwer an d'Héichrisiko-Zon", esou d'Fuerscherin, déi als eenzegen Auswee gesäit, datt een d'Zerstéierung vun der Natur direkt astellt an d'Notze vu fossille Brennstoffer reduzéiert.
En Trend, datt dat awer passéiere wäert, ass net virauszegesinn, bedauert de Rockström, deen nach eng Kéier präziséiert huet, datt mer méi schlëmm do stinn, wéi nach virun aacht Joer.
Nieft dem Rockström a senger Ekipp warnen aner renomméiert Wëssenschaftler, wéi d'Leit aus dem Klimarot oder vum Weltbiodiversitéitsrot, viru ganz änleche Situatiounen.