D'Insel steet hirem Buergermeeschter no ënnert "groussem Stress".

D'Autoritéite vun der italieenescher Mëttelmierinsel Lampedusa hunn opgrond vun der Arrivée vun Dausende Migranten den Noutstand deklaréiert. De Buergermeeschter Filippe Mannino huet méi Ënnerstëtzung fir d'Insel verlaangt, déi ënnert "groussem Stress" géing stoen, dat mellt d'Noriichtenagence Ansa. D'Bierger vu Lampedusa wiere verzweiwelt, sou de Buergermeeschter. "Jiddereen huet an iergendenger Weis de Migrante gehollef, déi Hëllef gebraucht hunn. Mä elo ass et wierklech un der Zäit, no enger struktureller Léisung ze sichen."

Déi italieenesch Regierung huet der Insel uganks dës Mounts 45 Milliounen Euro versprach, fir besser mat der Situatioun eens ze ginn. Ma d'Premierministesch Giorgia Meloni, déi virun engem Joer gewielt gouf, mam Verspriechen, d'Massenimmigratioun op en Enn ze bréngen, freet Hëllef bei der EU.

Zanter e Méindeg hunn Dausende Bootsmigranten d'Insel tëscht Sizilien an Nordafrika erreecht - eleng en Dënschdeg waren iwwer 5.000 Mënschen ukomm, dat geet aus den Zuele vum Inneministère zu Roum ervir.

Déi italieenesch Regierung hat schonn am Abrëll wéinst den héije Migratiounszuelen iwwert d'Mëttelmier landeswäit den Noutstand ausgeruff.

Grond fir déi grouss Zuel vu Migranten, déi bannent kuerzer Zäit ukomm sinn, ass den italieeneschen Autoritéiten no, dass vill Booter wéinst schlechtem Wieder net hätte starte kënnen an dunn all gläichzäiteg fortgefuer wieren.

Eppes manner wéi 124.000 Migrante sinn dëst Joer schonn an Italien ukomm. Dat sinn der bal duebel esou vill wéi d'lescht Joer ëm dës Zäit.

Lampedusa läit 190 Kilometer vun der tunesescher Küstestad Sfax ewech a gehéiert zanter Joren zu de Brennpunkte vun der Migratioun an Europa. D'Flüchtlingslager op der Insel ass fir 400 Mënschen ausgeluecht. Knapp 6.800 Migrante sinn den Ament op der Insel an domadder ass d'Lager op en Neits komplett iwwerfëllt.

Männer, Fraen a Kanner si forcéiert, dobaussen um Buedem ze schlofen. Deels sinn och schonn Tensiounen entstanen, wann Iesse verdeelt ginn ass.

Dat italieenescht Rout Kräiz warnt virun enger humanitärer Kris.