Indien schränkt ëffentlecht Liewen deelweis an

© AFP
Nom Optriede vum "Nipah"-Virus an zwee domadder verbonnenen Doudesfäll huet Indien an der betraffener Regioun Moossnamen ergraff.
Ënnert anerem goufen am Bundesstaat Kerala am Süde vum Land ëffentlech Versammlungen ënnersot an och d'Schoulen zougemaach. Nieft den zwee Doudesfäll goufen dräi weider Persoune positiv op de Virus getest. Iwwer 700 Mënsche stinn den Autoritéiten no ënner Observatioun, well si mat Infizéierten a Kontakt solle gewiescht sinn.
Den Nipah-Virus ka vu Mënsch op Mënsch oder vun Déier op Mënsch iwwerdroe ginn. Eng Infektioun kann zu grippenänleche Symptomer, Gehier-Entzündungen oder Koma féieren. Der WHO no ass en Nipah-Virus en Erreeger, deen eng weltwäit Epidemie ausléise kéint. En Impfstoff oder Medikamenter dogéint ginn et net, d'Stierflechkeet soll bei 40 bis 75 Prozent leien.