Majoritéit vun Doudesaffer a Libyen hätt verhënnert kënne ginn

© AFP
D'Zuel vun de Leit, déi bei den uerge Wiederen ëm d'Liewe komm sinn, geet an d'Dausenden. Och um Donneschdeg gëtt et nach kee genaue Chiffer.
D'Majoritéit vun den Doudesaffer bei den Iwwerschwemmungen a Libyen hätt der Uno no kënne vermidde ginn. Dofir wier ee funktionéierende Warnsystem wéi och e bessere Krisemanagement noutwendeg gewiescht, dat huet d'UN-Weltwiederorganisatioun (WMO) en Donneschdeg erkläert. D'Zuel vun den Affer geet an d'Dausenden a war och en Donneschdeg nach net genau ze bezifferen.
Wann et am Land eng besser Koordinatioun ginn hätt, dann hätte Warnungen eraus kënne ginn an d'Bevëlkerung gerett kënne ginn, sou de WMO-Vertrieder Petteri Taalas viru Journalisten. "A mir hätten déi meescht vun de mënschlechen Affer vermeide kënnen."
E Stuerm hat e Sonndeg am Oste vu Libyen fir uerg Iwwerschwemmunge gesuergt. Virun allem d'Küstestad Darna gouf schwéier getraff, well zwee Dämm vu Flëss gebrach waren.
D'Autoritéite fäerten, datt d'Zuel vun Doudesaffer op iwwer 25.000 klamme kéint. Knapp 4.000 sinn der bis ewell confirméiert.