Europäesch Zentralbank
Weider Zënshausse vun 0,25 Prozentpunkten decidéiert

© AFP/Archiv/Daniel ROLAND
D'europäesch Zentralbank huet eng weider Zënshausse vun 0,25 Prozentpunkten decidéiert. Den Haaptleetzëns läit elo bei 4,50 Prozent an der Eurozon.
Et ass déi 10. Hausse hannerteneen. D'Inflatioun géif zwar weider erofgoen, ma se géif wuel nach ze laang ze héich bleiwen, esou d'Aschätzung vun der EZB. Dës viséiert en Inflatiounstaux vun zwee Prozent. Am August louch dës an der Eurozon awer nach bei 5,3 Prozent.
Beim Wuesstem huet d'EZB hir Prognos liicht no ënne revidéiert. D'Zentralbanker zu Frankfurt ginn nach vun enger Hausse vun 0,7 an net méi, wéi nach am Juni 0,9 Prozent, aus.
Am meeschte gelies