Den Iran, ee Joer nom Doud vum Jina Mahsa Amini

© AFP/Archiv/Kenzo TRIBOUILLARD
Den Doud vun der jonker Iranerin de 16. September 2022 huet am Iran déi bis ewell gréisste Protestwell zanter der Revolutioun 1979 ausgeléist.
Ee Joer méi spéit preparéiert sech de Mullah-Regime op nei Demonstratiounen.
Déi 22 Joer jonk Fra war d'lescht Joer vun der iranescher Sittepolice festgeholl ginn, well hir virgeworf gouf, hiert Kappduch net richteg ugehat ze hunn. Hirer Famill no gouf si vun de Beamten doropshi mat Gewalt mat op de Policebüro geholl, wou si kuerz Zäit drop zesummegebrach an an de Koma gefall ass. Dräi Deeg no der Festnam ass déi 22 Joer al Jina Mahsa Amini dout.
D'Famill publizéiert eng Foto vun der jonker Fra am Koma a mécht d'Sittepolice fir hiren Doud verantwortlech. Dem Jina Mahsa Amini hiert Schicksal sollt awer net just Repercussiounen op d'Famill hunn - landeswäit si Stëmmen ëmmer méi haart, sech géint de Regime ofzeleenen.

© AFP/Yasin AKGUL
Séier breede sech d'Protester - virun allem och vu Fraen, déi sech zum Beispill hir Hoer ofschneiden oder déi hiert Kappduch verbrennen - vun de kurdesche Landesdeeler am Westen op de Recht vum Land aus. Ënnert Protestgesäng vun "Fra - Liewen - Fräiheet" gi Fraen a Männer op d'Strooss a grouss Deeler vun der Populatioun fänken u, sech mat der Beweegung ze solidariséieren.
De Mullah-Regime geet haart géint d'Demonstrante vir, déi antëscht all Nuecht ënnerwee sinn. Mënscherechtsorganisatioune schätzen, datt am Kader vun de Protester bis ewell méi wéi 500 Demonstranten doutgemaach goufen. Méi wéi 20.000 Mënsche goufen iwwerdeems festgeholl a géint eng sëllegen Demonstrante gëtt d'Doudesstrof verhaangen. Bis September 2023 huet déi norwegesch Mënscherechtsorganisatioun Iran Human Rights eng 500 Hiriichtungen am Kader vun den Demonstratioune gezielt.

Ëmmer méi Frae ginn entgéint de Gesetzer am alldag ouni Kappduch virun d'Dier. / © AFP/photographer
Duerch d'Gewalt vum Regime hu sech d'Form vun de Protester am Iran am Laf vum Joer geännert. D'Leit ginn net méi esou dacks nuets op d'Stroossen, mee Fraen hunn ugefaangen, hir Hidschab am Alldag ëmmer méi dacks fortzeloossen - obwuel d'Sittepolice dëst u sech verbitt. Och ëffentlecht Danzen, dat am Iran verbueden ass, ass ëmmer méi dacks ze gesinn.
Elo fir de Joresdag preparéiert sech den iranesche Regime awer op nei Demonstratiounen, virop am Heemechtsduerf vum Jina Mahsa Amini. Hoteller kruten am Virfeld gesot, dëse Weekend keng Gäscht opzehuelen, an d'Policepresenz an der Géigend gouf schonn an den Deeg virum 16. September massiv eropgesat.
Papp gouf um Samschdeg festgeholl
Um éischten Doudesdag vun der iranescher Demonstrantin Jina Mahsa Amini ass hire Papp festgeholl ginn, melle Mënscherechtsaktivisten. Hie wier e Samschdeg de Moie grad aus dem Haus gaangen, wéi hie vun enger Unitéit vun de Revolutiounsgarde festgeholl gi wier, esou d'Associatioun Hengaw mat Sëtz an Norwegen. Vun offizieller Säit gëtt et keng Confirmatioun.