Do waren an de leschten Deeg iwwer 7.000 Refugiéen ukomm. Esou vill wéi soss an engem Mount.

Elleng en Dënschdeg waren et der 5.000, wat en neien Dagesrekord ass.Um Freideg wieren awer eng 700 Bootsmigranten op d’Festland bruecht ginn. Weider 2.500 sollen et bis den Owend sinn.

Dem Generaldirekter vu Medecins sans frontières Lëtzebuerg, den Thomas Kauffmann seet, et géing natierlech keng einfach Léisung an dëser Situatioun ginn. Déi europäesch Politik vun de leschte Joer, hätt dozou  gefouert, dass d’Migranten esou Weeër an Europa sichen. Italien wier en Transitland, wat net capabel wier de Flux vu Migranten ze geréieren. Dofir misst eppes geschéien.

Lëtzebuerg als Member vun der Europäescher Unioun misst de Schutz vu Mënscheliewe prioriséieren. Déi Leit, déi Sécherheet an Europa siche misste würdeg a mënschlech behandelen. Doriwwer eraus hätt déi europäesch Kommissioun d’Responsabilitéit dofir ze suergen, dass d’Memberlänner vun der EU, wéi zum Beispill Italien, d’Gesetzer, déi en vigueur sinn, respektéieren. Italien sollen deemno ophalen, d’Rettungsaarbecht vun den ONGen ze behënneren, seet de Generaldirekter vu Médecins sans frontières Lëtzebuerg. D’ONGe sollen an den Hëllefs- a Rettungsequippen integréiert, a vum Staat geleet ginn.

Lampedusa hat e Mëttwochowend den Noutstand ausgeruff. D’Opfanglager vum Roude Kräiz, wat Plaz huet fir 450 Refugiéen, war komplett iwwerlaascht.

Iwwerdeems huet Däitschland annoncéiert, keng Refugiéen aus Italien  méi opzehuelen. Dëst well d’Land den Dublin-Accord net géing respektéieren. De franséischen President Emmanuel Macron huet e Freiden de Mëtten Europa zur Solidaritéit mat Italien opgeruff. Frankräich an Italien wieren am Dialog, fir Decisiounen ze huelen.

Op Lampedusa sinn zanter dem Ufank vum Joer 123.800 Refugiéen ukomm. D’Mëttelmierinsel huet 6.500 Awunner. Dëser Deeg waren am Ganzen 9.000 Migranten op der Insel.

Den italieenesche Küsteschutz geet dovunner aus, dass deeglaangt schlecht Wieder am tuneseschen Hafe Sfax et schwéier gemaach huet, dass d’Flüchtlingsbooter a Richtung Europa konnten iwwersetzen, an et esou zu engem Réckstau komm war.

Zejoert ware bis Mëtt September 65.500 Migranten op Lampedusa ukomm. 2016 waren et der am ganzen 181.000.

D’Insel läit tëscht Sizilien an Nordafrika. 190 Kilometer vun der tunesescher Küstestad Sfax ewech.