Well hien an Chatte Gewaltfantasië géint Flüchtlingen, Judden an aner Minoritéite geäussert huet, huet en 13 Joer ale Jong zu Köln e Policeasaz ausgeléist.

D'Beamten hu seng Kummer duerchsicht. Vum Jugendamt gouf hien aus senger Famill erausgeholl an an enger Ariichtung ënnerbruecht. Ob säi familiären Hannergrond mat senger rietsextreemer Gesënnung ze dinn huet, muss den Ament nach gekläert ginn, heescht et vun der Police.

De Jong soll an engem Telegram-Grupp Uschléi géint divers Minoritéite propagéiert an och eng Instruktioun fir de Bau vun enger Bomm gepost hunn. Och soll en den australeschen Attentäter Brenton Tarrant verherrlecht hunn, deen 2019 zwou Moscheeën an Neiséiland gestiermt an 51 Mënschen ermort huet.