Dat huet de Spezial-Enquêteur Jack Smith offiziell ugefrot.

Doduerch, dass de fréiere President vun den USA ëmmer nees verbal Attacke géint de Justizministère a géint d'Riichterin gefouert hätt, wieren et scho Menacë ginn. Mat senger ophetzender Rhetorik, géing den Trump de Prozess a Gefor bréngen a kéint domat och handfest Auswierkungen op d'Onparteilechkeet vum Jury hunn, sou gëtt den Enquêteur an de Medien zitéiert. Och verschidden Zeien hu scho matgedeelt, dass se sech duerch déi hefteg Aussoe vum Trump beaflosst spieren.
Ënner anerem sot den Republikaner zum Beispill "Wann dir mech verfollegt, da verfollegen ech Iech."

Hien huet och déi zoustänneg Riichterin als „fraud“ also als Onéierlech betitelt a sot, dass d'Ekipp vum Enquêteur een Team vu Gangstere wier. Optakt vum Prozess ass Ufank Mäerz 2024.