Am Prozess ëm déi islamistesch Terror-Attentater mat 35 Doudegen an e puer Honnert Blesséierte sinn e puer Männer zu laange Prisongsstrofe verurteelt ginn.

D‘Täter waren scho am Juli schëlleg geschwat ginn, ma déi Kéier goung et ëm d'Ausmooss vun hirer Strof. Déi meescht sëtzen 10 Joer bis liewenslänglech. Den Haaptresponsabelen, den Salah Abdeslam, krut keng weider Prisongsstrof, well hie scho wéinst enger anerer Dot an der Belsch zu 20 Joer Prisong verurteelt gouf.