Ronn eng Woch nom Äerdbiewen am Maroc kéint d‘Regierung zu Rabat elo dëse Weekend endlech offiziell no Hëllef froen an déi och unhuelen.

Sou heescht et vum UNO-Koordinateur Martin Griffiths, deen e Freideg Gespréicher mat den Autoritéiten hat. Déi marokkanesch Regierung steet ënner Drock endlech déi vill international Hëllef unzehuelen. Bis ewell hat dat nordafrikanescht Land just Hëllef vu Spuenien, Groussbritannien, dem Katar an de Vereenegten Arabeschen Emirater ugeholl an hunn donieft gréisstendeels versicht d‘Sich no Iwwerliewenden mat eegene Mëttel ze bewältegen.

Notamment a Frankräich goufen et vill Diskussiounen, well Marokko decidéiert hat keng Hëllef vu Paräis unzehuelen. Dat kéint sech also geschwënn änneren.