Déi italieenesch Regierungscheffin Giorgia Meloni fuerdert een EU-Asaz, fir d'Flüchtlingsroute iwwer d‘Mëttelmier ze blockéieren.

Dat nodeems an de leschten Deeg iwwer 7.000 Refugiéen op der italieenescher Mëttelmierinsel Lampedusa ukomm sinn, sou vill wéi soss an engem Mount.

Dosende Milliounen Afrikaner kéinte sech der rietspopulistescher Ministerpresidentin hirer Meenung no op de Wee an Europa maachen. Dat wär net ze packen, esou d'Meloni. Noutfalls misst d'Marine agesat ginn, fir d'Migranten dorun ze hënneren, mat hirem Boot fortzefueren.

Dovunner hält de Lëtzebuerger Ausseminister iwwerhaapt näischt. De Jean Asselborn sot an engem Interview an der Tagesschau vun der ARD, dass Italien géing een „europäeschen Pushback“ fuerderen. Dat géing net goen. International Recht wier do ganz kloer.
Am Hannergrond lafen iwwerdeems Gespréicher tëscht verschiddenen EU-Inneminister, dorënner déi aus Däitschland, Frankräich, Italien a Spuenien, wéi ee soll mat der héijer Zuel un Migranten ëmgoen déi an d'EU kommen. Do gëtt et allerdéngs och keen Resultat.

E Mëttwoch den Owend hat Lampedusa den Noutstand ausgeruff an zanterhier goufen och scho vill Leit op d'Festland a Sizilien bruecht. Italien fuerdert Hëllef vun der EU an dat a Form vun aussergewéinleche Mesuren.

D'EU-Komissiounspredientin Ursula von der Leyen reest um Weekend an Italien. Si géing d'italieenesch Premierministesch zu Roum gesinn, heescht et um Samschdeg de Moie vun engem Spriecher.
Däitschland beispillsweis huet domat opgehalen, benevole Migranten opzehuelen, a wäert dat am Kader vum Solidaritéitsmechanismus dës Kéier och net maachen. E Samschdeg de Moien hat et nach geheescht, déi däitsch Regierung géif Italien hëllefen. Grondsätzlech wier Däitschland awer prett, all Ament op d'mannst nees driwwer ze diskutéieren.