Ëmstridde Limitatiounen um Handel vun ukrainesche Käre gestrach

Domadder stellt sech Bréissel géint Fuerderunge vu Polen an Ungarn, déi entspriechend Importer selwer limitéiert haten.
Hannergrond si schlecht Recolten a Polen, Ungarn, der Slowakei, Rumänien a Bulgarien. Do haten déi bëlleg ukrainesch Kären d'Marchéen iwwerschwemmt an de lokale Baueren d'Liewe schwéier gemaach. Dofir haten dës Länner eegestänneg Import-Verbueter vun ukrainesche Kären opgesat.
D'EU hat doropshin ausgehandelt, dass déi ukrainesch Produiten dierften iwwer hiert Staatsgebitt transportéiert ginn an huet donieft 100 Milliounen Euro fir déi concernéiert Baueren zur Verfügung gestallt.
An Däitschland gouf et notamment vill Kritik zu der EU-Mesure, well een de Support fir d'UKrain och misst liewen an net just dovunner schwätzen.