Brandkatastroph op Hawaii
Zuel vun den Doudesaffer gouf no ënne korrigéiert

Ronn 5 Wochen no de schroe Bränn gouf elo matgedeelt, dass an der Küstestad Lahaina op der Insel Maui 97 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn.
Dat huet de Gouverneur vun Hawaii, den Josh Green e Freideg matgedeelt. Virdru waren d'Autoritéite vun 115 Doudesaffer ausgaangen.
74 Läiche konnte bis elo mat Hëllef vun der DNA identifizéiert ginn. 31 Persoune ginn nach ëmmer vermësst.
Am meeschte gelies