Problematesch Aussoen oder Positiounen a Bezuch op d'NS-Vergaangenheet vun Däitschland bleiwen dacks onkommentéiert.

An de leschte Woche koum et an Däitschland net just aus dem rietse politesche Spektrum, mee och aus der sougenannter biergerlecher Mëtt, zu problemateschen Aussoen oder Positiounen a Bezuch op d’NS-Vergaangenheet. D’Reaktioun an de laxen Ëmgang domat erstaunen ... a sinn héchst problematesch. Eng Analys vum Claire Schmartz vu Berlin.

Korrespondenz vu Berlin vum Claire Schmartz

Wat der Däiwel ass lass an Däitschland? Op där enger Säit huet een eng wichteg Politikerin vun enger rietser bis riets-extremer Partei, d’Alice Weidel vun der AfD. Si seet am ARD-Sommerinterview, dass d’Enn vum Zweete Weltkrich ze feiere bedeit, ze feieren, dass Däitschland de Krich verluer huet ("die Niederlage des eigenen Landes“). Domat ignoréiert si bewosst d’Realitéit vum Nationalsozialismus – a kënnt ongeschuer dervun, well de Moderator net äntwert, net emol mat der Wimper zuckt an hir déi krass Geschichtsverfälschung duerchgoe léist.

Op där anerer Säit den CDU-Chef Friedrich Merz, deen net ausschléisse wëll, dass d’CDU kommunal mat der AfD zesummeschaffe kéint. Awer déi Géigenden, ëm déi et dobäi geet, hunn dacks déi radikaalsten AfD-Fligel. Sou kann de Björn Höcke, de Virstand aus Thüringen, opgrond vu senge Positiounen ëffentlech Faschist genannt ginn, ouni dass dat Diffamatioun wier, wéi en Thüringer Geriicht 2019 decidéiert huet.

RTL

De Friedrich Merz vun der CDU. / © afp

An dann ass do nach d’Affär vum bayresche Wirtschaftsminister, deen an den 80er Joren e Flyer mat rietsextremem, antisemitteschem an d‘NS-Zäit verherrlechendem Contenu verbreet soll hunn. Finalement gëtt d’Affär als "Schmutzkampagne" betitelt, den Hubert Aiwanger entschëllegt sech lapidar – ze spéit an andeems e sech selwer als Affer präsentéiert – a muss net zerécktrieden.

D’Reaktioun vum Zentralrat der Juden ass eendeiteg, wéi de Statement vum Virsëtzenden, dem Dr. Schuster, weist:

"Die Diskussion darüber ist erkennbar politisch. Das Flugblatt darf aber auch nicht einfach als Jugendsünde abgetan werden, da es die für unser Land so wichtige Auseinandersetzung mit dem Nationalsozialismus regelrecht mit Füßen tritt."

Ma genee dës Ausernanersetzung fënnt net statt. Et gëtt kee Récktrëtt, keng haart Kritik, keng Konsequenze fir rietsextrem Positiounen. Vill ze oft ginn se mat Conditionnel zitéiert a scho guer net schaarf verurteelt, a kréien doduerch erstaunlech vill Gehéier, eng Bün ... an op eng Manéier och eng Legitimatioun.

Et kéint een natierlech soen, dass déi eng Affär 30 Joer hier ass, an déi aner eng Ausso vun enger definitiv rietsextremer Partei, an deem Sënn net iwwerrascht. Mee et ass den Ëmgang domat, dee problematesch ass: Well d’Reaktioun op esou eklatant problematesch Positiounen an Handlungen ass net schaarf genuch.

Béides spillt an engem Land, dat eng historesch Responsabilitéit huet, seng Vergaangenheet opzeschaffen, an dat eng eendeiteg Meenung doriwwer huet. An engem Land, dat seng NS-Vergaangenheet eréischt spéit, vun den 90er Joren un, an ni gesamtgesellschaftlech opgeschafft huet.

Et wier schéin, wann et just e "Witz" iwwert den Olaf Scholz kéint sinn: D’däitsch Politik ass op dem rietsen Ae blann. Mee et ass eescht: Am Virfeld vun de Bundestagswalen 2025 eng dubiéis Manéier Stëmmen ze gewannen an eng prozentual kleng Partei mat problemateschen Usiichten opzeblosen. D’Excuse, dass radikal Reaktiounen op esou Affären de rietse Volet stäerke kéinten, dierf net legitiméieren, dass ee keng politesch Haltung weist.

Dat sollte mer an Europa dach aus dem leschte Joerhonnert geléiert hunn: Wann een extrem Rand-Positiounen eng Bün gëtt, kréien se den Uschäin, salonsfäeg ze sinn, wat hinnen Opschwong gëtt. En Trend, dee Suerge mécht an deen een am Ae behale soll.