Iwwerschwemmungen a Libyen
Zuel vun Doudegen ass op iwwer 11.300 geklommen

An dat eleng an der immens betraffener Küstestad Darna, wou jo 2 Staudämm gebrach waren an d‘Leit deels mat an d‘Mëttelmier gerass goufen.
Iwwer 10.000 Persounen ginn och nach ëmmer vermësst. Déi Zuele wäerten nach weider klammen, sou laang d'Rettungsequippen no Iwwerliewenden sichen.
D'Weltgesondheetsorganisatioun konnt bis ewell just 4.000 Affer identifizéieren.
D'Lag wier ëmmer nach extrem schlëmm, besonnesch zu Darna, well d'Drénkwaasser verknascht ass. 55 Kanner wiere schonn doduerch vergëft ginn. Donieft géing elo an der ganzer Regioun ronderëm Darna d'Gefor bestoen duerch Landminnen blesséiert ze ginn, déi duerch dat villt Waasser a Beweegung geroden sinn oder fräigespullt goufen.

Am meeschte gelies