Läiche vun dräi Neigebuerene fonnt, Enquête wéinst Inzest a Mord

Am Keller vun engem Eefamilljenhaus, wat scho relativ erofkomme war, huet d‘Police d'Läiche vun dräi Neigebuerene fonnt.
Eng 20 Joer al Fra huet am Haus zu Czerniki zesumme mat hirem 54-Joer ale Papp gelieft. Dat huet den zoustännege Parquet e Samschdeg matgedeelt. Géint béid gëtt wéinst Inzest a Mord enquêtéiert.
D'Police hat e Freideg fir d'éischt zwee Neigebuerener fonnt, déi am Keller begruewe waren. Déi drëtt Läicht gouf e Samschdeg de Moie fonnt.
Opmierksam gouf d'Police op d'Famill duerch en Indice un d'Sozialamt. Aarbechtskolleeginne vun der 20 Joer aler Fra waren der Meenung, dass dës schwanger gewiescht wier. Si hätt sech virun 3 Woche Congé geholl, a wéi se dunn no enger Woch nees op d'Schaff komm wier, hätt se immens midd gewierkt an all Froen no engem Kand zeréckgewisen.
Jorelaang soll de Papp an d'Duechter eng Koppel gewiescht sinn. De Mann soll senger Duechter de Kapp raséiert hunn, fir dass et net attraktiv fir aner Männer wier, hunn Noperen dem Noriichteportal Fakt.pl erzielt.
De Papp soll och nach eng Relatioun mat enger anerer Duechter gehat hunn.