An der Ukrain ass et dem ukraineschen Militär gelonge fir russesch Truppen bei hirer Géigenoffensiv all Dag 200-300 Meter zeréckzedrécken, esou d'NATO.

D'Ukrainer hunn dowéinst allerdéngs däitlech méi Verloschter.

Iwwer 18 Méint laang dauert elo schonn déi russesch Invasioun vun der Ukrain. Kiew huet virun gutt 3 Méint mat enger Géigenoffensiv ugefaangen. Den ukrainesche President Selenskyj huet e Samschdeg Däitschland an anerer Staate fir hire kontinuéierleche Support Merci gesot.

Um Sonndeg de Moie sinn iwwerdeems 2 zivil Cargoschëffer zu Tschornomorsk am Schwaarze Mier ukomm. Et ass fir d'éischte Kéier zanter Russland de Kärenaccord gekënnegt huet, dass Cargoschëffer sech op de Wee an d'Ukrain maachen. Hiert Zil ass et 20.000 Tonnen Weess opzelueden, dee fir afrikanesch an asiatesch Marchéë geduecht ass.