Honnerte Klimaaktivisten hunn e Samschdeg zu Den Haag nees eng Autobunn net wäit vum hollänneschen Parlament an dem Regierungsquartier blockéiert.

D'Police huet Waasserwerfer agesat fir d'Demonstrante vun der Strooss ze verdreiwen. 650 Leit goufen festgeholl a mat Busser an e Futtballstadion bruecht, wou déi meescht dunn awer nees fräigelooss goufen. Déi méi extrem Gruppéierung Extinction Rebellion huet fir den 8. Dag hannerteneen dozou opgeruff d‘Autobunn ze blockéieren.