Am Amazonas
14 Mënsche si bei engem Fligeraccident a Brasilien ëm d'Liewe komm

De Fliger hat versicht bei schwéierem Reen mat enger schlechter Visibilitéit an der Touristestad Barcelos am Amazonas ze landen.
De Fliger huet eréischt op der Hallschent vun der Landebunn opgesat an ass dunn doriwwer eraus gerannt an accidentéiert. Ënnert den Doudesaffer sinn 12 Passagéier an zwou Persoune vun der Crew. Éischten Ermëttlungen no waren d'Passagéier alles brasilianesch Staatsbierger, déi gereest sinn, fir hirem Hobby als Sportfëscher nozegoen.
Am meeschte gelies